Die am Waasserdag vorgestellten Präsentationen können Sie hier nachschauen:
2025.09 Präsentation Klimapakt Klimapakt Assisen
20250919_Präsentation Waasserdag Bissen_Beratung Eigenvorsorge
250916-Restauration-Attert-Réunion-Publique
Zum Klimaschutz gehéiert och perséinlech Virsuerg – a genee dorëms geet et dësen Dag.
Dir léiert, wéi Dir Iech mat praxiserprobten Konzepter géint Iwwerschwemmungen a staarke Reen schütze kënnt!
Den Dagesprogramm (Ufank: 11 Auer):
1. Virwuert vum Buergermeeschter
2. Neiegkeeten zum Fortschrëtt vum Klimapakt
3. Praxis-no Konzepter fir perséinlech Virsuerg
4. Virtrag vum Planungsbüro Hömme GbR
5. Virtrag vum Büro Inca
6. Ofschlossdiskussioun fir Är Froen an Ureegungen
Zousätzlech fannt Dir tëschent 9:00 an 14:00 Auer den Infomobil vum HochwasserKompetenzCentrum Köln (HKC) am Frounert grad esou wéi déi Biisser Pompjeen – kommt laanscht a loosst Iech och do informéieren!
Am Wonerbatti gin och Biller ausgestallt déi d’Kanner aus der Maison Relais zum Thema Héichwaasser an Iwwerschwemmungen iwwert den Summer gemolt hun.
Wichteg: Dir sidd interesséiert un enger Berodung, wësst awer net wou ufänken? Kommt laanscht a gitt gewuer, wat méiglech ass!
De genaue Programm mat allen Auerzäite fannt Dir hei: bissen.lu/emw
